top of page

Programme 2023

TRAK Gourmand

TRAK Gourmand

Camping Fuussekaul

9 mai 2023

Eng wonnerschéi Sortie mat alen „Vintage“ Trakteren duerch dat schéint Sauerdall.
Ënnerwee ginn et verschidde Statioune mat Concerten a leckere Saache fir ze schmaachen.

Des tracteurs vintage vous accompagnent dans une balade à travers la pittoresque vallée de la Sûre agrémentée en chemin de concerts et délicieuses dégustations.

Kulturfest - Fête des Cultures

Kulturfest - Fête des Cultures

Sportshal, Heiderscheid

14 mai 2023

Kulturellen Austausch vun den Awunner aus der Gemeng, déi Spezialitéiten aus hirem Hierkonftsland kachen an deelen.

Journée dédiée aux échanges culturels entre les citoyens de la commune qui proposent des plats typiques de leur pays d’origine.

Nuit des Légendes

Nuit des Légendes

Esch-sur-Sûre

1 juillet 2023

Spektakelen a Concerte vir grouss a kléng vun der Buerg bis an d’Duerf vun Esch-Sauer. Ofschlossconcert mam Serge Tonnar mat senger Band.

Spectacles et concerts pour petits et grands au château et à travers le village d’Eschsur-Sûre. Concert de clôture par Serge Tonnar et son groupe.

Vollekstheater am Fräien „tëschtzwee“

Vollekstheater am Fräien „tëschtzwee“

Eschdorf

10 - 19 août 2023

D'Stéck spillt an de 1960ger a 1970ger Joren, eng Zäit vu wirtschaftlechem Opschwong a vu soziale Verännerungen.
De materielle Wuelstand bréngt nei Fräiheete–an déi "gutt al Zäit" steet op der Kipp !

H2O, Waasser an all sengen Zoustänn

H2O, Waasser an all sengen Zoustänn

Bibliothèque, Eschdorf

9 mai 2023

Liesung vun Texter a Musek zum Thema Waasser. Präisverdeelung un d’Gewënner vum Fotosconcours. Ausstellung vum 9. Mee bis Hierscht.

Musiques et lecture de textes sur la thématique de l’eau. Remises des prix du concours de photos. Exposition du 9 mai à l’automne.

Kultur- a Legendeschätz vun Esch-Sauer an Ëmgéigend

Kultur- a Legendeschätz vun Esch-Sauer an Ëmgéigend

Place des Jardins, Esch-sur-Sûre

20 mai 2023

Am Kader vun de Luxembourg Museum Days an de Festivitéite vun Esch23, invitéiert den Naturpark Öewersauer op de Legendentour zum Thema „Kultur- a Legendeschätz vun Esch-Sauer an Ëmgéigend“ duerch d’Gemeng Esch-Sauer.

Dans le cadre des Luxembourg Museum Days et des festivités Esch23, le Parc naturel de la Haute-Sûre invite à son parcours des légendes autour du thème « La richesse des cultures et mythes à Esch-sur-Sûre et ses alentours ».

Heischter Maart  „Kiermes wéi fréier“

Heischter Maart  „Kiermes wéi fréier“

Heiderscheid

30 juillet 2023

Den traditionelle Maart deen et schonn am Mëttelalter gouf, steet dëst Joer ënnert dem Thema „Kiermes wéi fréier“ mat Spiller, Musek a Konschthandwierk.

Marché traditionnel ayant son origine au moyen-âge placé cette année sous le thème « kermesse d’antan » avec jeux, musique et artisanat.

Conférence du Prof. Michel Margue et concert de Nomad

Conférence du Prof. Michel Margue et concert de Nomad

Sportshal, Heiderscheid

13 mai 2023

„Herrschen an Zesummeliewen. D’Mënschen an hier Ëmwelt zu Esch un der Sauer am Mëttelalter“ mam Historiker Prof. Dr. Michel Margue, Enseignant a Chercheur op der Uni Lëtzebuerg, Spezialgebitt mëttelalterlech Geschicht.

« Gouverner et cohabiter. Les habitants et leur environnement de Esch-sur-Sûre au temps médiéval » conférence par l’historien et professeur Dr Michel Margue, enseignant et chercheur à l’Université du Luxembourg dans le domaine de l’histoire médiévale.

MarionetteFestival

MarionetteFestival

Tadler 

26 - 29 mai 2023

De MarionetteFestival ass nees zeréck mat enger sëllege Spektakele ronderëm de Marionetten- an Objetstheater, déi net nëmmen déi Kléng un d’Staune wäerte bréngen.

Le MarionetteFestival est de retour avec une farandole de spectacles des arts de la marionnette et du théâtre d’objets qui ne manqueront pas de surprendre et émerveiller les petits et les grands.

Hobby-Nuetsmaart

Hobby-Nuetsmaart

Esch-sur-Sûre

5 août 2023

Hobby-Nuetsmaart, Musikalescht Encadrement, Stroossenanimatioun, Foodstreet, Catering vun de lokale Veräiner a Veräiner aus den Nopeschgemengen.

Marché nocturne artisanal, encadrement musical, animation de rue, catering des clubs de la commune et des communes voisines.

bottom of page